MÜNCHNER BAL 2024

31.03.2024 @ MELUSINA

Helfer

Och dëst Joer fënnt erëm eise legendäre Münchner Bal statt. Fir dass de Béier séier iwwert Théik fléisst, d‘Wuppen net um Grill verbrennen an déi richteg Leit eragelooss ginn, brauche mir är Hëllef fir eng Hand mat unzepaken. Sidd Deel vun enger flotter Ekipp an hëlleft eis de Münchner Bal onvergiesslech ze maachen!

Als grousse Merci kritt dir gratis Entrée, eppes z’Iessen an ze drénke virum Bal, d‘Aluedung op d‘Helferfest zu München a dir kennt Iech eng Stonn éischter fir d’Summerrees umellen.

Mir probéieren natierlech de Choix vun all Mënsch sou gutt wéi et geet ze respektéieren, mee d’Anciennetéit (wéi laang ee schonn am LSM ass) an déi Leit mat deene meeschte Schichten hu Virrang.

D'Umeldungen sinn net méi op.